An de leschten Deeg kruten Enseignanten déi a Quarantaine gesat goufen, trotzdeem autoriséiert fir hir Couren ze halen. Wéi vill der Fäll ginn et am Moment? Sinn esou Autorisatioune, fir trotz Quarantaine dierfe schaffen ze goen, och schonn an anere Beruffer ausgestallt ginn?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP Quarantäne

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

An de leschten Deeg konnt een op de sozialen Netzwierker vu Fäll liesen, wou Enseignanten a Quarantaine gesat ginn, awer trotzdeem autoriséiert ginn hir Couren ze halen. Den Direkter vun der Santé berifft sech an de jeeweilegen Autorisatiounen op den Artikel 7, Paragraph 3, Alinea 3 vum Gesetz vum 17. Juli 2020 dee folgendes festhält:

« La personne concernée par une mesure de mise en quarantaine peut se voir délivrer un certificat d’incapacité de travail ou de dispense de scolarité en cas de besoin ainsi que, le cas échéant, une autorisation de sortie sous réserve de respecter les mesures de prévention précisées dans l’ordonnance. »

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Fäll vu Léierpersonal dat a Quarantaine gesat gouf an awer soll schaffe goe, ginn et am Moment?
  2. Sinn esou Autorisatioune, fir trotz Quarantaine dierfe schaffen ze goen, och schonn an anere Beruffer ausgestallt ginn?
  3. Wa jo wéi vill an a wéi enge Beruffer?
  4. Goufen et schonn Demandë fir vun esou enger Autorisatioun ze profitéieren déi refuséiert goufen? Wa jo, aus wéi engem Grond?
  5. No wéi enge Critèrë kann esou eng Autorisatioun ugefrot gi vu Betriber oder vun Independanten?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck