Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 150 Questions parlementaires 23 September '20 Wier et net sënnvoll datt extra Teststatioune fir Schüler agerriicht ginn, fir datt d’Waardezäiten net ze laang sinn? 23 September '20 Fënnt d’Regierung net datt een e volumetresche Kadaster aféiere soll fir d’Verdichtung am stättesche Raum méi einfach ze maachen ? 22 September '20 Deelen d’Ministeren d’Aschätzung, dass et fir eng « fichéiert » Persoun schwiereg ass, ze wëssen, ob seng Daten reegelkonform traitéiert ginn, wa dës Persoun keng Informatiounen iwwer d’Identitéit vun de Persounen kritt, déi op hir Donneën zougräifen ? Wa jo, wéi eng Méiglechkeeten huet dës Persoun fir seng Rechter geltend ze maachen ? 22 September '20 En rezenten EU-Audit vun der Generaldirektioun Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet deckt gewëssen Defiziter am Kontrollsystem besonnesch vu Rëndsfleesch aus Kanada op. Wéi wäert d’Regierung op dësen Audit reagéieren? 22 September '20 An de leschten Deeg kruten Enseignanten déi a Quarantaine gesat goufen, trotzdeem autoriséiert fir hir Couren ze halen. Wéi vill der Fäll ginn et am Moment? Sinn esou Autorisatioune, fir trotz Quarantaine dierfe schaffen ze goen, och schonn an anere Beruffer ausgestallt ginn? D'Äntwert fannt Dir hei 22 September '20 TVA Deklaratiounen däerfen nëmmen nach iwwer Internet agereecht ginn. Misst d’Post dann den méi isoléierten Haiser net e besseren Internetzougang ubidden ? 22 September '20 Firwat kann een seng TVA Deklaratioun nëmmen nach iwwer Internet an net méi a Pabeier Format areechen? 22 September '20 Wei geet et weider mat FAGE a ween bezillt am Endeffekt Rechnung? 21 September '20 Déi staatlech garantéiert Prêten fir Betriber a Coronazäiten ze ënnerstëtzen mussen no 6 Joer zréckbezuelt gi sinn. Dat kann awer wéinst de laangfristegen Auswierkungen vun der Kris problematesch fir dës Betriber ginn. Ass et méiglech dës Limitt vun 6 Joer eropzesetzen ? 18 September '20 E Syndicat fir eng Coproprietéit gëtt vun der Generalversammlung fir eng Period vu maximal 3 Joer gewielt. Vill Syndicaten probéieren dës awer ze ëmgoen a maachen der Coproprietéit et schwéier hinne ze kënnegen. Wat gedenkt d’Regierung hei ze ënnerhuelen ? 147148149150151152153