Kann d’Regierung eis matdeelen, wéini a wéi den Impfstoff zu Lëtzebuerg verdeelt soll ginn? Wéi eng Leit solle prioritär vum Impfstoff profitéieren? Soll de Vaccin d‘Leit eppes kaschten?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weiderzeleeden.

Am September an Oktober hat d’Europäesch Kommissioun scho Kontrakter iwwer Covid-Vaccinen ofgeschloss mat diverse Firmen. D’Verdeelung soll sech no der Populatioun vun de jeeweilege Länner riichten. Sou sollen z.B. 420.000 Impf-Dosen u Lëtzebuerg goen. Am September huet d’Madamm Gesondheetsministesch och schonns erkläert, datt si bei Bedarf zousätzlech Dose kënnt bestellen.

Mëttlerweil hunn eng Rei Entreprisen  annoncéiert, en Impfstoff géint de Covid-19 fäerdeg ze hunn. D’Europäesch Kommissioun huet gëschter bekannt ginn, datt d’Verhandlunge mat dëse Firmen ofgeschloss wieren. Esou kéinte Milliounen Dosen Impfstoff  securiséiert ginn um europäeschen Niveau. D’Kommissioun soll haut de Wee duerfir fräi maachen, wat e neie Moment duerstellt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéini wäerten déi annoncéiert 420.000 Dosen zu Lëtzebuerg disponibel sinn?
  • Plangt d’Regierung fir sech, iwwert d’EU-Piste eraus, weider Dosen ze sécheren an ze bestellen?
  • Kann d’Regierung eis matdeelen, no wéi engem Konzept den Impfstoff zu Lëtzebuerg verdeelt soll ginn?
  • Wéi eng Leit solle prioritär vum Impfstoff profitéieren? Wat sinn d’Krittäre wat dës Prioriséierung ugeet? Wien definéiert, respektiv huet des Krittären definéiert? Wat ass déi wëssenschaftlech Basis heivunner?
  • Soll de Vaccin d‘Leit eppes kaschten? Wa jo, wéi vill?
  • Huet d’Ethikkommissioun sech scho mat der Impfstoff-Strategie ausernee gesat? Wa jo, kann d’Regierung eis doriwwer méi Informatioune ginn?
  • Bei wéi engem Prozentsaz vun Impfung kann een zur Normalitéit zeréckkommen?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                           Claude Wiseler                  

            Deputéiert                                       Deputéierten 

Zréck