Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou Batterien an Autoen ofgebrannt sinn, wouduerch et zu enger komplizéierter Entsuergung komm ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Entsuergung vu Autosbatterië aus accidentéierte Gefierer un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An Zukunft wäerte wuel ëmmer méi Elektroautoen an och Hybrider op eise Stroossen fueren. Domadder ergëtt sech awer och eng nei Problematik di et bei den traditionellen Autoe mat engem Verbrenner net gëtt. Méi spezifesch betrëfft dëst d’Entsuergung vun Autosbatterien am Fall vun engem Schued. Wéi aus engem rezenten Artikel aus dem Spiegel ervirgeet, huet d’Umweltbundesamt eng héich Geldstrof un Tesla verhaangen, well se sech net un d‘Gesetzer bezüglech der Récknamflicht vu Batterië gehalen hunn. D’Entsuergunge vun Autosbatterien di en Schued geholl hunn, zum Beispill bei engem Brand ass nämlech komplizéiert an domadder och deier. D’Batterien (zum Deel zesumme mam Auto) mussen aus éischt a spezielle Containeren am Waasser ofgekillt ginn. Dono mussen di accidentéiert Autoen da bei zertifiéierte Fachhändler entsuergt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou Batterien an Autoen ofgebrannt sinn, wouduerch et zu enger komplizéierter Entsuergung komm ass?
  2. Gouf et schonn zu Lëtzebuerg Fäll, wou Autoshiersteller hirer Récknamflicht vu Batterien net nokomm sinn?
  3. Wann jo, kann d’Ministesch ons Statistiken zu den zwou Froen nennen?
  4. Huet d’Regierung eng Strategie wéi se an Zukunft dëser Problematik entgéint triede wäert?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

 

Zréck