Eisen Informatiounen no gett d’Nominatioun als Fonctionnaire, déi déi betraffenen Enseignanten deemools no hirem gepackte Stage duerch een Arrêté vum Grand-Duc kruten, net als hir éischt Nominatioun unerkannt. Kann de Minister eis dest confirmeieren? Wa jo, wie justifizeieren d‘Minisiteren des Decisioun?

Här President,

 

Sou wéi d’ Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an un den Här Minister vun der Fonction  publique weiderzeleeden.

 

Den Artikel 50(4) vum Traitementsgesetz fir d’Fonctionnaire vum 25. Mäerz 2015 gesäit vir, dass déi Enseignanten, déi scho virum Datum vum Akraafttriede vun dësem Gesetz (1. Oktober 2015) hir definitiv Nominatioun als Professer haten, 10 Joer no hirer éischter Nominatioun een Avancement an hirem Traitement kréien: « Les fonctionnaires dont les fonctions sont reprises à l’annexe A II. sous b) Régime transitoire de la rubrique «Enseignement » de la présente loi et qui sont classés aux grades E5 à E8 bénéficient d’un avancement de deux échelons supplémentaires après dix ans de bons et loyaux services depuis leur première nomination […] ».

Wärend dat aalt Traitementsgesetz vum 22. Juni 1963 am Bezuch op dësen Avancement nach een zousätzlechen Abschnitt enthalen hat, dass falls eng Karriär eng éischt Nominatioun als Kandidat beinhalt, eréischt déi definitiv Nominatioun als Professer fir d’Applikatioun vun dësem Avancement zielt, sou enthält dat neit Traitementsgesetz vun 2015, duerch dat d’Gesetz vun 1963 abrogéiert gouf, dësen Zousaz net méi.

An dësem Kontext géif ech gären deenen zoustännege Ministere vun der Educatioun nationale an der Fonction publique folgend Froe stellen:

  • Wéi gett den Avancement vun de betraffene Professeren elo gehandhaapt? Op wéi eng konkret legal Basis berout sech de Ministère an desem Kontext?
  • Eisen Informatiounen no gett d’Nominatioun als Fonctionnaire, déi déi betraffenen Enseignanten deemools no hirem gepackte Stage duerch een Arrêté vum Grand-Duc kruten, net als hir éischt Nominatioun unerkannt. Kann de Minister eis dest confirmeieren? Wa jo, wie justifizeieren d‘ Minisiteren des Decisioun?

 

 

Mat beschte Gréiss

 

 

Martine Hansen

Deputeiert

Zréck