Huet de Sportminister wëlles di opkommend Branche vum E-Sport speziell ze fërdere fir hier Potenzialer besser auszeschäffen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum E-Sport zu Lëtzebuerg un den Här Sportminister weider ze leeden.

Duerch d’Digitaliséierung an d’Technologiséirung vun eiser Gesellschaft, di an deene leschte Joren ëmmer méi staark zougeholl huet, huet sech och den E-Sport staark weider entwéckelt. Ëmmer méi Spiller bedreiwen E-Sport, wou se eleng oder an Equippen zesumme spillen. Domadder gëtt den Teamgeescht an de Wettbewerb, wéi och bei deene „normalen“ Sportaarte, gefërdert. Zulescht huet sech och schonns eng Federatioun (Luxembourg Esports Federation) gegrënnt. Hire Präsident waart awer laut engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Land vum 7.11.2020 bis haut op eng Äntwert vum Sportminister bezüglech engem Gespréich fir iwwert di zukünfteg Entwécklung vum E-Sport ze schwätzen. Niewent dem Sport selwer spillt di wirtschaftlech Perspektiv och eng Roll, wat zum Beispill de Sponsoring vun Equippen ugeet. Och kéinte grouss Turnéier zousätzlech Touristen an d’Land bréngen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Erkennt de Sportminister den E-Sport als eng sportlech Aktivitéit un? Kann de Minister dës Entscheedung begrënnen?
  2. Huet de Minister wëlles di opkommend Branche vum E-Sport speziell ze fërdere fir hier Potenzialer besser auszeschäffen.

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck