Ween ass responsabel an zoustänneg fir d’Sécherheet vun de Mataarbechter an de staatleche Verwaltungen ze assuréieren ? Ass Budget an de jeeweilege Verwaltunge disponibel fir Plexiglas ze installéieren ? Wa nee firwat net ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Sécherheets- an Hygiènesmesuren an de staatleche Verwaltungen am Kader vum COVID-19 un den Här Finanzminister, den Här Minister fir d’Fonction publique an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Op verschiddene Verwaltungen ass et duerch Platzmangel net méiglech Personal an eenzel Büro’en respektiv d’Leit zwee Meter auserneenzesetzen, fir dann déi néideg Distanz zum Dëschnoper ze hunn. Eng Méiglechkeet wier déi Büroe mat Plexiglas ofzedeelen. Laut mengen Informatioune stinn de Verwaltungen net ëmmer de néideg budgetär Moyen’en zur Verfügung fir sech mat Plexiglas-Scheiwen ze equipéieren sou dass Personal de ganzen Dag mat enger Mask an dem Büro muss setzen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Finanzminister, den Här Minister fir d’Fonction publique an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen.

  • Ween ass responsabel an zoustänneg fir Sécherheet vun de Mataarbechter an de Verwaltungen ze assuréieren ?
  • Ween ass responsabel fir Plexiglas an de Büro’en ze installéieren ?
  • Ass Budget an de jeeweilege Verwaltunge disponibel fir Plexiglas ze installéieren ? Wa nee firwat net ?
  • Wei eng Verwaltungen si mat Plexiglas equipéiert ginn a wei eng sinn net equipéiert ginn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck