Questions parlementaires

Firwat kënnt Lëtzebuerg nëmme lues virun mat den Impfungen a firwat ass eréischt een Drëttel vun de geliwwerten Impfdosen genotzt ginn ?

Kann et sinn dass Leit, entgéint der ugekënnegter Impfstrategie, och per Zoufall ausgewielt ginn fir geimpft kënnen ze ginn, Persounen also, déi weder dem Alters- Beruffs- nach Vulnerabilitéitskritère entspriechen ?

Wéi sinn déi genee Prozedure bei der Fleegeversécherung. Sinn zejoert och Decisioune just op Grond vun Telefonsgespréicher, also ouni Visitt bei der betraffener Persoun, geholl ginn ?

Feelt et u Mediateuren fir a Familljen-Affären z’intervenéieren ? Wéi kann déi Situatioun verbessert ginn ?

Deelt d’Regierung d’Meenung datt a Fäll vu psycheschen Erkrankungen, de Kontrolldokter obligatoresch e Psychiater oder en unerkannte Psychotherapeut muss sinn?

Ass mëttlerweil gewosst ob en Impfzenter an den Osten soll kommen a wa jo wouhin?

Fir wat ginn et am Norden an am Osten just nach jeeweils eng Teststatioun fir de Large Scale Testing ?

Lescht Woch huet d’europäesch Kommissioun iwwer 500 Milliounen Euro an eng ganz Réi europäesch Start-Ups a PMEen investéiert. Wéi kann et sinn datt hei keng Lëtzebuergesch Start-Up drënner war ?

Wéini ass an der Impfstrategie virgesinn datt d’Personal aus de Crèchen, de Maisons relais an de Schoule soll geimpft ginn?

No dem Arrêt vun der Cour administrative am Dossier Virkaafsrecht vun den Gemengen gedenkt Innenministesch hir Circulaire zereck ze zeien an deer neier Realiteit Rechnung ze droen?