Sinn schonn Athlete prioritär geimpft ginn déi bis elo altersbedéngt net drun gewiescht wieren? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu Impfunge bei Participant’en vun den olympesche Spiller un de Minister fir Sport weider ze leeden.

De Sportminister hat op meng rezent dréngend parlamentaresch Ufro N°3822 geäntwert, dat eng Prioriséierunge beim Impfe fir eis Sportler „net ubruecht“ wier. 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend dréngend Fro un d’Regierung stellen:

  1. Huet de Sportminister seng Meenung zu dëser Thematik geännert?
  2. Sinn dann awer schonn Athlete prioritär geimpft ginn déi bis elo altersbedéngt net drun gewiescht wieren? 
  3. Goufen och schonn Athlete geimpft, di bis elo nach net qualifizéiert sinn, sech awer nach realistesch Hoffnungen op eng Startplaz kënne maachen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck