Firwat ginn erneierbar Kraftstoffer aus Planzen oder Liewensmëttelreschter genau sou besteiert wéi konventionell Kraftstoffer aus Mineralueleg?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zur Besteierung vu nohaltege Kraftstoffer un den Här Energieminister an den Här Finanzminister weider ze leeden.

Erneierbar Kraftstoffer oder Biokraftstoffer, di aus Planzen- oder Liewensmëttelreschter produzéiert ginn, spillen eng wichteg Roll bei der Transitioun fir eng méi ökologesch Mobilitéit an e méi ökologesche Transportsecteur. Bis alternativ Undriwwer am Schwéierverkéier oder am Fluchtransport zur Verfügung stinn, kënnen sou nohalteg Kraftstoffer den Ausstouss vun CO2 an aneren Zäregasen staark reduzéieren an bestoend Gefierer nohalteg bis zum Enn vun hirem Liewenszyklus genotzt ginn. Leider ginn dës biologesch Kraftstoffer genau sou besteiert wéi konventionell Kraftstoffer op Basis vun Mineralueleg.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Firwat ginn erneierbar Kraftstoffer aus Planzen oder Liewensmëttelreschter genau sou besteiert wéi konventionell Kraftstoffer aus Mineralueleg?
  2. Gesäit d’Regierung vir an Zukunft eppes un dësem Modell ze änneren?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                            Paul Galles

Deputéierten                                                               Deputéierten

 

Zréck