Huet d‘Regierung statistesch Donnéeën iwwert d’Ausbreedung vu Wäschbier a Bisamrat?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Juegd op Neozoen zu Lëtzebuerg un d‘Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An deene leschte Joren hunn sech zu Lëtzebuerg net eenheemesch Déiere wéi ënnert anerem de Wäschbier an d‘Bisamrat zum Deels staark verbreet wat fir di heemesch Flora a Fauna eng Gefor duerstellt.

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Huet d‘Regierung statistesch Donnéeën iwwert d’Ausbreedung vu Wäschbier a Bisamrat? Wann jo, wéi gesinn di aus? Wann nee, firwat ass d’Ausbreedung statistesch net erfaasst a wéilt een dat an Zukunft änneren?
  2. Sinn di iwwert d’Reglement Grand-Ducal vun 1980 (concernant les mesures à prendre en vue de prévenir l’introduction et la propagation du raton laveur) an 1971 (concernant les mesures à prendre en vue de prévenir l’introduction et la propagation d’organismes nuisibles) virgesinne Mesuren adequat fir der Verbreedung vun de net eenheemeschen Déieren entgéint ze wierken? Wann nee wéi eng legislativ Upassunge gesäit d’Ministesch vir?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck