Wat sinn d’Resultater vun der Enquête betreffend den Reinfectiounen mam Covid-19 no der Impfung ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

D’Madamm Gesondheetsministesch huet den 14. Mee 2021 an der Plénière annoncéiert datt d’Regierung eng Enquête mat deelweis och auslänneschen Experten lafen hätt betreffend den Reinfectiounen mam Covid-19 no der Impfung. An deem Kontext huet d’Regierung matgedeelt datt se weider Oplockerungen envisagéieren an soumat och en gréngen Zertifikat/Genesungzertifikat ausstellen géing, sou bal se d’Resultater vun dëser Enquête hätt.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung eis matdeelen op dës Enquête ofgeschloss ass ?
  • Huet d’Regierung d’Resultater vun dëser Enquête mat an d’Decisiounen betreffend deene neien Oplockerungen afléissen gelooss ?
  • Kann d’Regierung eis d’Konklusiounen vun dëser Enquête matdeelen ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                                                            Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck