Ginn et Etuden an Europa wou een analyséiert wéi héich d’Wierkung vun den Covid-19 Impfstoffer bei Persounen déi Immunosuppresseuren huelen ass, respektiv wéi vill Antikierper dës Persounen no der vollständeger Impfung opweisen ? 

 Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Ewéi et aus diversen Berichter vun amerikaneschen Medien ervirgeet géifen Leit déi Immunosuppresseuren huelen oft net déi néideg Antikierper entwéckelen no hirer Impfung mat engem Impfstoff géint de Covid-19. Ausserdeem hätt ee festgestallt datt d’Pharmaentreprisen, wéi se hier Impfstoffer getest hunn, Leit déi immunosuppressiv Medikamenter huelen als Testpersounen ausgeschloss hunn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung vun dëse Berichter Kenntnis geholl an wat ass hier Positioun dozou ?
  • Ginn et Etuden an Europa wou een analyséiert wéi héich d’Wierkung vun den Covid-19 Impfstoffer bei Persounen déi Immunosuppresseuren huelen ass, respektiv wéi vill Antikierper dës Persounen no der vollständeger Impfung opweisen ? 
  • Wéi vill Prozent vun de lëtzebuergeschen Bierger huelen Immunosuppresseuren ?
  • Wéi vill Immunosuppresseuren ginn verschriwwen hei zu Lëtzebuerg ?
  • Am Fall wou sech erausstellt datt d’Wierkung vun den Impfstoffer bei den Leit déi Immunosuppresseuren huelen reduzéiert ass, wat géif dat bedeiten vir eis Impfstrategie oder de Green Certificate/Covid-Check Zertifikat ?
  • Am Fall wou sech erausstellt datt d’Wierkung vun den Impfstoffer bei den Leit déi Immunosuppresseuren huelen limitéiert ass, wat géif dat vir d’Herdenimmunitéit bedeiten wëssend dat d’Kanner och bis elo net geimpft ginn?

 Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp 

Deputéiert

Zréck