Kann d’Regierung eis informéieren ob all d’Museksveräiner an d’Chorallen Schnelltester kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un d’Madamm Kulturministesch weider ze leeden.

Milliounen un Schnelltester sinn déi lescht Méint iwwert d’Europäesch Unioun bestallt ginn. Wéi ugekënnegt, géif eng grouss Proportioun dovun un d’Entreprisen, d’Spideeler, d’Alters- an d’Fleegeheemer, den Horesca- ewéi och de Sports- a Kulturberäich goen.

Laut mengen Informatiounen hätten e puer Museksveräiner Schnelltester kritt, wärend anerer keng erhalen hätten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung mech informéieren ob all d’Museksveräiner an d’Chorallen Schnelltester kréien ?
  • Wann nee, aus wéi engem Grond, vu datt d’Sportveräiner zum Beispill Schnelltester iwwert d’Federatiounen erhalen ?
  • Wa jo, ginn et Konditiounen respektiv Critèren wat Distributioun vun de Schnelltester un d’Museksveräiner an d’Chorallen betrëfft ?
    • Kann d’Regierung dës Konditiounen respektiv Critèren opzielen ?
    • Am Fall wou et keng Critèren ginn, wéi kontrolléiert d’Regierung datt dës Verdeelung equitabel ofleeft ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm
Deputéiert

Zréck