Questions parlementaires

Dänemark wëll vill Refugiéeën zréck a Syrien schécken well d’Autoritéiten der Meenung sinn datt verschidde Regiounen a Syrien rëm sécher sinn. Wéi ass hei d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung ? Ass dru geduecht ginn fir och zu Lëtzebuerg Refugiéeën zréckzeschécken ?

Wéi eng Handhab huet den Educatiounsministère fir ze assuréieren an ze kontrolléieren, dass déi definéiert Prozedur vun de Schnelltester an all Schoul d’selwecht applizéiert gëtt ?

Gëtt et an eise Police-Kommissariater eng Accès-Kontroll an eng Méiglechkeet d’Visiteuren op Waffen ze kontrolléieren, esou änlech wéi et bei de Geriichter funktionéiert?

Wat ass der Regierung hier Positioun dozou datt Autorisatiounen ugefrot gi sinn fir Reesen z’organiséieren fir Leit, déi sech am Ausland wëllen impfen loossen ?

Ass geplangt datt de Centre médico-sportif zu Jonglënster rëm soll opgoen ? Wa jo, wéini ?

Lëtzebuergesch Transportchauffeuren gi momentan gezwongen sech bei der Securité sociale vun hirem Land ze affiliéieren well se méi wéi 25% vun der Zäit an hirem Land schaffen. Wéi steet et hei ëm d’Negociatiounen vun der Regierung mat den Nopeschlänner ?

Huet d’Regierung eng Strategie fir Leit ze hëllefen déi wéinst der Pandemie ënnert Depressiounen oder Angschtzoustänn leiden ? Wéi gesäit dës aus ?

Wéi vill Schüler a Studenten hunn virum Schluss vun hire Studien d’Schoul oder d’Uni ofgebrach ?

De Fall gesat datt méi Leit sech wäerte mellen fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn wéi Dosen disponibel sinn, un Hand vu wéi enge Critèren wäert d’Regierung d’Leit invitéieren sech impfen ze loossen ?

Kann d’Regierung eis d’technesch a juristesch Detailer zum “Green Certificate” ginn ?