Kann d’Regierung matdeelen ob a wéini d’Verhandlungen betreffend dem Opgoen vun den US-amerikaneschen Grenzen vir Persounen aus der Europäescher Unioun lancéiert ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aussen- an Europaminister weider ze leeden.

Déi 27 Memberstaaten vun der europäescher Unioun plangen d’Areesbeschränkungen fir Touristen aus 8 Stied a Gebitter, dorënner d‘USA opzehiewen, dëst huet déi portugisesch Presidence vum Conseil de l’Union Européenne bestätegt. Och Persounen ouni Impfung solle méi liicht an d’Europäesch Unioun areesen kënnen. E puer EU Länner hätten hier Grenzen elo schonn vir amerikanesch Touristen opgemaach.

Den amerikaneschen President Joe Biden huet um G7 Sommet zu Cornwall (England) annoncéiert datt der amerikanescher Regierung hier Task Force den Ament géing analyséieren wéini an ënnert wéi engen Ëmstänn d’US-amerikanesch Grenzen vir d‘Europäenscher Unioun op géinge goen.

Verschiddenen Medien no kéinten d’US-amerikanesch Grenzen fir den 4. Juli 2021, den amerikaneschen Dag vun der Onofhängegkeet, opgoen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wann d’EU Recommandatiounen ëmgesat ginn, an d’Touristen aus den USA erëm an d’EU Länner areesen dierfen, kann een mat enger Reciprocitéit rechnen, respektiv kann d’Regierung matdeelen ob a wéini d’Verhandlungen betreffend dem Opgoen vun den US-amerikaneschen Grenzen vir Persounen aus der Europäescher Unioun lancéiert ginn ?
  • Kennt d’Regierung den USA hier Krittären no deenen se entscheeden hier Grenzen fir e Land op ze maachen ?
  • Huet d’Regierung méi Detailer iwert d‘Analyse déi d’Task Force vun der amerikanescher Regierung momentan duerchféiert ? Wat sinn d’Resultater bis elo ? Kéinten Grenzen den 1. Juli 2021 mam Green Certifcate respektiv den 4. Juli 2021 wéi vun de Medien spekuléiert opgoen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck