De Conseil supérieur des Maladies Infectieuses réit bei AstraZeneca eng Zweetimpfung mat engem mRNA-Impfstoff. Wier genuch Impfstoff do fir esou eng Kräizimpfung?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Laut den Informatioune vum Site Reporter.lu réit de Conseil supérieur des Maladies Infectieuses“ (CSMI)bei AstraZeneca eng Zweetimpfung mat engem mRNA-Impfstoff. Déi Responsabel vum CSMI beruffen sech op déi neiste wëssenschaftlech Erkenntnisser fir dësen Avis, dee si och schonn un de Gesondheetsministère weiderginn hunn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi steet d’Regierung zu dësem Avis vum CSMI?
  2. Wier genuch Impfstoff do fir esou eng Kräizimpfung?
  3. A wéi engem Delai no der 1. Impfung misst déi 2. Impfung virgeholl ginn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                    Claude Wiseler

Deputéiert                             Deputéierten

Zréck