Wéi gedenkt d’Regierung ze assuréieren datt och an den nächste Woche genuch Medikamenter a Crèmen géint Hautreizungen, Picken a Bëss disponibel sinn ?

 Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

An de leschten Deeg ware vill Leit geplot mat Hautreizungen, Picken a Bass bedéngt duerch Grasmilben, Eichenprozessionsspinner an awer och normal Moustiquen.

Bäi eisen däitschen Nopere ginn et am Moment änlech Problemer an z. B. zu Saarbrécken goufe Schoulen a Spillschoulen zougemaach well d’Grasmilben och vun engem Mënsch zum anere kënne weidergoen.

An den Apdikten ass d’Demande fir Medikamenter oder Crèmë ganz héich, awer am Moment sinn d’Stocke vun dëse Mëttelen nach gutt. Sollt d’Situatioun awer weider unhale kéint et an 3 Wochen awer zu enger Knappheet vun de Medikamenter kommen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Santé am Gaang d’Situatioun ze evaluéieren ?
  2. Wéi huet d’Regierung wëlles dës Situatioun an den nächste Wochen ze kadréieren ? Ass virgesi Recommandatioune rauszeginn ?
  3. Wéi gedenkt d’Regierung ze assuréieren datt och an den nächste Woche genuch Medikamenter a Crèmen disponibel sinn ?
  4. Kann d’Regierung confirméieren datt en Aktiounsplang « Eichenprozessionsspinner » ausgeschafft gouf ?
  5. Wa jo, fir wat gouf deen net der breeder Ëffentlechkeet presentéiert ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten   

Zréck