Aus wéi engem Grond ass d’Aarbecht vun der Douane an der Drogebekämpfung net mat an d’Note interministérielle agefloss ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Justizminister weider ze leeden.

D’Douane spillt zu Lëtzebuerg eng zentral Roll an der Drogebekämpfung. Aus dësem Grond ass et erstaunlech datt kee Wuert iwwer d’Douane an der « Note interministérielle sur la criminalité liée aux stupéfiants au Luxembourg” steet.

Am Kader vun der geplangter Legaliséierung vum rekreative Cannabis, schafft mëttlerweil säit iwwer 2 Joer en Aarbechtsgrupp vu Leit aus dem Gesondheetsministère an dem Justizministère un de groussen Axe vum Text an awer och um ganze Volet vun der Preventioun, der Sucht  an der Educatioun, déi domat anhier ginn. Eisen Informatiounen no ass d’Douane awer weder an dësem Aarbechtsgrupp vertrueden, nach ëm Avis  ginn, obwuel si duerch d’Grenzkontrolle wäerten am Alldag vill mam Thema befaasst ginn.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Aus wéi engem Grond ass d’Aarbecht vun der Douane an der Drogebekämpfung net mat an d’Note interministérielle agefloss ?
  2. Fir wat ass d’Douane net an dem besoten Aarbechtsgrupp vertrueden?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung datt d’Douane eng ganz wichteg Roll wäert spille fir de ganze Volet deen déi direkt Relatioune mat eisen Nopeschlänner betrëfft wann de Cannabis am Grand-Duché legaliséiert ass?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                       Léon Gloden

Deputéierten                         Deputéierten

Zréck