Kann d’Regierung matdeelen ob et Statistiken ginn zu Lëtzebuerg wat Doudesfäll bei Profisportler mee och bei Amateursportler, notamment op Grond vun engem Häerzstëllstand, betreffen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch ewéi un den Här Sportsminister weider ze leeden.

Rezent huet de Kollaps vun engem bekannten Sportler wärend engem Match vun der Fussball-Europameeschterschaft de Bléck op Häerzerkrankungen am Sport gelenkt. Experten no wieren Doudesfäll opgrond vun engem Häerzstëllstand am Sport zwar seelen, mee et géif se awer ginn. An Däitschland géingen registréiert Doudesfäll op Grond vun engem Häerzstëllstand am Sport bei 60 pro Joer leien an Schätzungen no, wann een d’Donkelziffer consideréiert wieren 50.000 bis 80.000 Sportler dovun betraff. Männer méi oft wéi Fraen. Déi héich Donkelziffer géif et awer schwiereg maachen d‘Ampleur genau ze bezifferen. An Däitschland géif et och néirens eng Obligatioun ginn vir Doudesfäll opgrond vun engem Häerzstëllstand wärend enger sportlecher Aktivitéit ze mellen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen ob et Statistiken ginn zu Lëtzebuerg wat Doudesfäll bei Profisportler mee och bei Amateursportler, notamment op Grond vun engem Häerzstëllstand, betreffen ?
  • Wéi héich schätzt d’Regierung d’Donkelziffer vun den Doudesfäll wärend enger sportlecher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an ?
  • An Däitschland gëtt et keng Obligatioun vir dës Doudesfäll ze mellen. Wéi ass dat zu Lëtzebuerg ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck