Wéi wäit ass d’Verdeelung vun den Antigen-Schnelltester resp. de Bonge mëttlerweil fortgeschratt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

De 14. Mee gouf eng Strategie vu Verdeelung vun Antigen-Selbsttester am Kader vun der Covid-19 Pandemie lancéiert. Dës Strategie gesäit vir datt Schlësselsecteure wéi Spideeler a Fleegestrukture reegelméisseg mat dëse Schnelltester beliwwert ginn. Donieft kritt déi berufflech aktiv Populatioun e Starterkit zur Verfügung gestallt. Schlussendlech sollen och Privatstéit Schnelltester Bonge fir Schnelltester geschéckt kritt hunn, notamment Pensionnairen, déi se dann an der Apdikt aléise kënnen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi wäit ass d’Verdeelung vun den Antigen-Schnelltester resp. de Bonge mëttlerweil fortgeschratt ?
  2. Mengen Informatiounen no hunn eng Rei Pensionnairen nach keng Bonge geschéckt kritt. Kann d’Regierung confirméieren datt dës Phase vum Verschécke vun de Bongen nach net ofgeschloss ass ?
  3. Wéi vill Professioneller a wéi vill Privatleit hunn hier Bonge bis elo ageléist ? Wéi héich ass den Taux de participation ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck