Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 111 Questions parlementaires 24 Juni '21 Wat fir Mesurë gi geholl fir d’Police de manière générale besser viru Gewalt ze schützen ? 24 Juni '21 Stëmmt et datt et um Virowend vum Nationalfeierdag e gréissere Problem mat den Noutruffnummeren 112 an 113 wéinst engem Update vum Informatiksystem gouf ? Wéi ass et méiglech datt esou en Update op engem Virowend vum Nationalfeierdag stattfënnt? 22 Juni '21 Huet d’Regierung Statistiken wat de “First Responder” Zerwiss ugeet ? 22 Juni '21 Wéi gedenkt d’Regierung ze assuréieren datt och an den nächste Woche genuch Medikamenter a Crèmen géint Hautreizungen, Picken a Bëss disponibel sinn ? 22 Juni '21 Stëmmt et datt Medien an Däitschland onofhängeg musse sinn fir eng Lizenz ze kréien an zu Lëtzebuerg net ? 21 Juni '21 Wéi vill Recette krut de Stad eran doduerch datt decidéiert gouf d’TVA vun enger Wunneng, déi fir Logementszwecker geduecht ass, vun 3 op 17% ze erhéijen ? 18 Juni '21 Kann d’Regierung matdeelen ob a wéini d’Verhandlungen betreffend dem Opgoen vun den US-amerikaneschen Grenzen vir Persounen aus der Europäescher Unioun lancéiert ginn ? 17 Juni '21 De Conseil supérieur des Maladies Infectieuses réit bei AstraZeneca eng Zweetimpfung mat engem mRNA-Impfstoff. Wier genuch Impfstoff do fir esou eng Kräizimpfung? 17 Juni '21 Eisen Informatiounen no gouf am Kader vum Gesondheetsdësch iwwer d’Méiglechkeet vun enger Hospitalisation matt Soins palliatifs à domicile geschwat an et gouf festgehal datt e Gesetzestext sollt ausgeschafft ginn. Wëssend datt et momentan net einfach ass jonk Dokteren ze motivéieren sech am Beräich vun der Palliativmedezin ze spezialiséieren, ass virgesinn datt den neien Text och nach emol op d’Formatioun ageet? 17 Juni '21 Aus wéi engem Grond ass d’Aarbecht vun der Douane an der Drogebekämpfung net mat an d’Note interministérielle agefloss ? 108109110111112113114