Aus wéi engem Grond kann een Anticorps-Tester just an der Maison médicale an der Haaptstad oder am Laboratoire National de Santé du Diddeleng maachen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Fir ze kucke wéi de Virus sech am Grand-Duché verbreet, gëtt nom Auslafe vum Large Scale Testing (LST) weiderhin e representativen Echantillon vun der Populatioun per Bréif oder Mail a sougenannt „Dry Blood Spot“ Anticorps-Tester invitéiert.  Am Géigesaz zu den LST-Teststatiounen déi méi oder manner iwwer de ganzen Territoire verdeelt waren, kann een dës Anticorps-Tester awer just an der Maison médicale an der Haaptstad oder am Laboratoire National de Santé du Diddeleng maachen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Aus wéi engem Grond kann ee besoten Tester just op deenen 2 Platze maachen?
  • Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt dëst wäert mat sech bréngen datt eng ganz Rei Leit aus dem Norden sech kaum wäerten teste loossen?
  • Ass ugeduecht dës Tester nach op weidere Platzen am Land unzebidden?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck