Wei eng Gemenge sinn am Besetz vun eegene soziale Mietwunnenge ? Wei grouss sinn déi Wunnengen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weider ze leeden.

De Fonds du Logement an d’SNHBM ( Société Nationale des Habitations à Bon Marché) sinn déi 2 gréissten ëffentlech Bauträger am Land an hunn iwwert Joren ee Stock un soziale Mietwunnenge constituéiert. Och Gemenge sinn e wichtegen Acteur am soziale Mietwunnengsbau an hunn an de läschte Joren Efforte gemaach fir d‘Offer vun sou Wunnengen an d’Luucht ze setzen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Wéi vill sozial Mietwunnenge sinn am Besetz vum Fonds du Logement respektiv der SNHBM opgelëscht no 1,2,3 a 4 Schlofkummeren?

 

  • Wat ass den Duerchschnëtts-Loyer dee fir déi jeeweileg Wunnengsgréisste gefrot gëtt?
  • Wei eng Gemenge sinn am Besetz vun eegene soziale Mietwunnenge ? Wei grouss sinn déi Wunnengen?
  • Huet Regierung Zuele vun anere Proprietäre/Associatioune déi sozial Wunnenge verlounen? Kann Regierung matdeele wei grouss déi Wunnenge sinn och um Niveau vun de Schlofkummeren? Wei héich ass den Duerchschnëtts-Loyer?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz                                                Jean-Paul Schaaf

Deputéiert

Zréck