Legale Pensiounsalter zu Lëtzebuerg bei 62 Joer seet d’OECD : Wou kommen déi Donnéeën hir an huet d’Regierung eng Richtegstellung gefrot ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.
An der Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land vum 03. September 2021 gouf en Tableau publizéiert baséierend op Donnéeë vun der OECD betreffend der Espérance de vie à la retraite an verschiddenen EU-Länner. Den OECD Donnéeë no géif den Âge légal de départ à la retraite zu Lëtzebuerg bei 62 Joer leien.

Wëssend datt den Âge légal de départ à la retraite aktuell bei 65 Joer zu Lëtzebuerg läit, an a gewëssenen Fäll eng pension de vieillesse anticipée méiglech ass déi momentan bei 57 respektiv bei 60 Joer läit, wëll ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

Kann d’Regierung matdeelen wou d’OECD dës Donnéeë hier huet ?
Mécht den Ministère, respektiv huet de Ministère eng Richtegstellung gemaach ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Deputéierten

Zréck