Wat sinn di konkret Mesurë fir d’CO2-Emissiounen an deenen eenzele Secteuren erofzesetzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de sektorielle Klimaziler un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An der Äntwert op parlamentaresch Fro No 4734 vum 23. Juli 2021 iwwert d’sektoriell Klimaziler goufen eng Rei vu Froen, virun allem zu de konkrete Mesuren déi an den eenzele Secteure sollen ëmgesat ginn, net beäntwert.

Dofir erlabe mir eis folgend Froen nach eng Kéier un d’Regierung ze stellen:

 

  • Wat sinn di konkret Mesurë fir d’CO2-Emissiounen an deenen eenzele Secteuren erofzesetzen ?

 

  • Kann Regierung d’Aspuerpotenzial fir all Mesurë pro Secteur oplëschten?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                          Gilles Roth                                Paul Galles

Deputéiert                                Deputéierten                             Deputéierten

Zréck