Stellt de CGDIS den Agente  Sécherheetsvesten zur Verfügung, wann de Bedarf an de Wonsch do ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm  Inneministesch weider ze leeden.

Beim CGDIS kënnt et fir, dass d’Agenten op geféierlech Asätz musse fueren. Laut eisen Informatiounen hunn dofir verschidden Agente gefrot, fir Sécherheetsvesten zur Verfügung gestallt ze kréien. Hir Demande soll allerdéngs refuséiert gi sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kënnen laut der Madamm Ministesch esou eng Vesten am Noutfall d‘ Agente schützen?
  • Huet d‘ Madamm Ministesch Kenntnis vum Wonsch vun eenzelen Agenten no esou enge Vesten?
  • Stellt de CGDIS den Agente  Sécherheetsvesten zur Verfügung, wann de Bedarf an de Wonsch do ass?
  • Wann nee – firwat net?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck