Ass Regierung gewëllt ze hëllefen, dass de Musée Thillenvogtei zu Randschelt , deem seng Gebailechkeeten denkmalgeschützt sinn, an dei ëffentlech Hand iwwergeet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Musée Thillenvogtei zu Randschelt an der Gemeng Wal un d’Madamm Kulturministesch weider ze leeden.

Laut Presseinformatioune steet de Musée rural Thillenvogtei zu Randschelt zum Verkaf. Proprietäre wieren ënnert anerem am Gaang mat de Responsabele vun der Gemeng Wal ze verhandele fir dass de Musée an d’Hänn vun der Gemeng iwwergeet dee laut der Madamm Buergermeeschter : « e groussen Deel vum patrimoine culturel vun der Gemeng ass. En ass schützenswäert an erhalenswäert. »

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Kulturministesch stellen:

  • Ass Regierung gewëllt ze hëllefen, dass de Musée Thillenvogtei zu Randschelt , deem seng Gebailechkeeten denkmalgeschützt sinn, an dei ëffentlech Hand iwwergeet ?
  • Wa jo, wei kéint sou eng Hëllef ausgesinn?

Laut Presseinformatiounen hätt Gemeng am Kader vun der Revisioun vun hirem PAG wëlles de ganze Site an eng Zones de bâtiments et d’équipements publics [BEP] ëmzeklasséieren?

  • Wie eng Inzidenzen a Konsequenzen hätt sou eng Ëmklasséierung op déi zukünfteg Notzung, Em- an Ausbau vum Musée respektiv vun all den anere Gebaier?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                         Emile Eicher                              Jean-Paul Schaaf

Deputéiert                               Deputéierten                            Deputéierten

 

Zréck