Questions parlementaires

Wat ass an de leschte Jore konkret ënnerholl gi fir d’Waardezäiten an der Kannerklinik ze reduzéieren ?

Ass d’Regierung net der Meenung datt d’Gesetzgebung, wat kollektiv Entloossungen ugeet, misst reforméiert ginn ?

Frankräich mëscht vill Efforten fir géint Haislech Gewalt virzegoen. Gedenkt eis Regierung verschidde vun dësen Efforten a Mesuren och zu Lëtzebuerg anzeféieren ?

Kann den Här Minister confirméieren, dass d’Fach „Éducation à la citoyenneté“ (EDCIT) vun der Rentrée u vun zwou Stonnen op eng Stonn d’Woch reduzéiert gëtt, zu Gonschte vun der Aféierung vum Fach „Lëtzebuergesch“ op de Quatrième-G-Klassen ? 

Momentan ginn et Enkpäss beim medezinesche Cannabis an d’Ausschreiwung Enn 2020 huet et net erlaabt Fournisseuren ze fannen déi de Critèrë vum Cahier des charges entspriechen. Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir elo kuerzfristeg de concernéierte Patienten ze hëllefen a fir an Zukunft esou Situatiounen ze vermeiden ?

Firwat sinn eis Zich iwwert d’ganz Nuecht un d’Elektresch ugeschloss ?

Gëtt et op EU-Niveau eng Demarche fir Schnelltester vun der Firma Lepu Medical Technology zréck ze zéien?

Wat fir Mesurë gi geholl fir d’Police de manière générale besser viru Gewalt ze schützen ?

Stëmmt et datt et um Virowend vum Nationalfeierdag e gréissere Problem mat den Noutruffnummeren 112 an 113 wéinst engem Update vum Informatiksystem gouf ? Wéi ass et méiglech datt esou en Update op engem Virowend vum Nationalfeierdag stattfënnt?

Huet d’Regierung Statistiken wat de “First Responder” Zerwiss ugeet ?