Wier et net erstriewenswäert, dass de Ministère fir d’ Fonction publique an Zesummenaarbecht mam Kulturministère d’Initiative ergräift fir en staatleche Musée vun der Fonction publique ze schafen, deen d’Geschichte vu sämtleche Staatsbeamtecarrièren, ewéi déi bei der Police, bei de Pompieren oder bei der Arméi, zentral op enger Platz traitéiert ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Règlement vun der Chamber et virgesäit, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Fonction publique an un d’Madamm Kulturministesch weider ze leeden.

 

Wann en zu Lëtzebuerg d’Geschichte vun onser Police besser verstoe wëllt, féiert kee Wee laanscht de Policemusée um Verluerekascht an der Stad. Dank dem Engagement vun enger Réi Benevollen, déi sech zu enger ASBL forméiert hunn, gëtt d’Vergaangenheet vun der Lëtzebuerger Police lieweg gehalen an interesséierte Léit eng pedagogesch Fräizäitaktivitéit ugebueden. Nieft dem Policemusée ginn et nach den Douanesmusée, de Pompiersmusée wei och eng Réi Eisebunnsmuséeën, ewéi zum Beispill den um Site vum Fonds-de-Gras zu Déifferdeng. Trotz dem immensem an honorabelem Engagement vu geschichtsbegeeschterte Benevollen, erfëllen déi genannte Muséeën net d’Uspréch vun enger moderner Geschichtsschreiwung, wat d’Fro no engem méi aktivem Rôle vum Staat an dem Zesummenhang opwerft.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Minister fir d’Fonction publique an der Madamm Kulturministesch folgend Froen stellen :

 

  • Wier et net erstriewenswäert, dass de Ministère fir d’ Fonction publique an Zesummenaarbecht mam Kulturministère d’Initiative ergräift fir en staatleche Musée vun der Fonction publique ze schafen, deen d’Geschichte vu sämtleche Staatsbeamtecarrièren, ewéi déi bei der Police, bei de Pompieren oder bei der Arméi, zentral op enger Platz traitéiert ?
  • Goufen et a béide Ministèrë schonn eng Kéier Iwwerleeungen déi an déi selwecht Richtung gaange sinn ? A wann jo, wat ware Vir-, respektiv d’Nodeeler vun esou enger Initiative ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck