Wéi vill Stocke vum Moderna Vaccin hu mir am Grand-Duché a wéini lafen se of ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Bei eisen däitschen Nopere goufen et rezent Diskussiounen iwwer d’Covid-Impfstoffer. No der Annonce datt de Moderna Vaccin net méi soll u Leit ënner 30 Joer verimpft ginn, gëtt et eng enorm Demande fir de BioNTech/Pfizer Vaccin. Gläichzäiteg muss ee feststellen datt d’Stocke vun de Moderna-Vaccine am Februar oflafen. Aus vertragleche Grënn dierf déi däitsch Regierung dës Impfdosissen awer net un Drëttstaate spenden.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill Stocke vum Moderna Vaccin hu mir am Grand-Duché a wéini lafen se of ?
  2. Si mir och u Konditioune gebonnen déi eis et verbidden Dosen un Drëttstaaten ze spenden ?
  3. Wann nee, gedenkt d’Regierung Dosen ze spenden ?
  4. Ass gewosst wéi vill Leit iwwer 30 Joer an de leschte Woche bei eis am Land refuséiert hunn sech mam Moderna Vaccin impfen ze loossen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles

Deputéierten

 

Zréck