Kann d’Regierung bestätegen datt divers international Covid-Zertifikater (QR-Coden) net kënnen vun der Lëtzebuerger Covid-Check App gelies ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro betreffend der Unerkennung vun internationalen Covid-Zertifikater un d’Madamm Minister vir Gesondheet weider ze leeden.

 

Mengen Informatiounen no kéinten divers international Impfzertifikater (QR-Code), wéi z.B. den australeschen, déi et erméiglechen a Lëtzebuerg anzereesen net vun der lëtzebuergescher Covid-Check App gelies ginn. Deemno kéinten dës Leit zwar areesen, awer net un enger Aktivitéit déi den Covid-Check verlaangt deelhuelen. Dës international Zertifikater géingen an anere Länner awer schonns unerkannt ginn.

 

An dësen Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung bestätegen datt divers international Covid-Zertifikater (QR-Coden) net kënnen vun der Lëtzebuerger Covid-Check App gelies ginn ?
  • Wa jo, firwat ass dat esou ? Huet d’Regierung geplangt dëst ze änneren, sou dass dës Persounen och un Aktivitéiten déi den Covid-Check verlaangen deelhuelen kënnen ?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck