Stëmmen eis Informatiounen datt de Covid-Check System bei Reuniounen vum Schoulpersonal agefouert gëtt, an ënnert dem «principe de l’auto-contrôle» leeft ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister vir Gesondheet ewéi un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden.

 

Laut eisen Informatiounen hätt den Här Educatiounsminister eng Note de service un d’Léierpersonal erausginn déi ab dem 1. Dezember 2021 soll applizéiert ginn, wou ënnert anerem de Covid-Check System agefouert gëtt bei Reuniounen vum Schoulpersonal. De Covid-Check géif ënnert dem Prinzip vum «auto-contrôle» lafen.

Et kéinten awer och méiglech Kontrollen op Demande duerchgefouert ginn.

 

Wat den Covid-Check an der Aarbechtswelt en général ubelaangt, ass Folgendes am Gesetz markéiert :

« Tout chef d’entreprise ou d’administration peut décider de placer l’ensemble de son entreprise ou administration, ou une partie seulement, sous le régime CovidCheck. Concernant le secteur public, il appartient au chef d’administration de veiller à ce que l’accès au service public reste garanti.»

 

Feststellend datt am Gesetz net vum «principe de l’auto-contrôle» Riets geet, wéilte mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Stëmmen eis Informatiounen datt de Covid-Check System bei Reuniounen vum Schoulpersonal agefouert gëtt, an ënnert dem «principe de l’auto-contrôle» leeft ?
  • Wéi gesäit dësen «principe de l’auto-contrôle» aus ?
  • Ass deen «principe de l’auto-contrôle» konform zum Gesetz ?
  • Falls net, aus wéi engem Grond kann dësen Prinzip dann an de Schoulen ugewannt ginn?
  • Wien iwwerhëlt déi méiglech Kontrollen op Demande déi de Minister virgesäit?
  • Wien huet d’Responsabilitéit bei Verstéiss an/oder Abusen?
  • Wann dës Sonderreegelung vir d’Schoul gëllt, gëllt dës Méiglechkeet vum «principe de l’auto-contrôle» och fir all Administratiounen a Servicer vun der Fonction publique souwéi och fir all Lëtzebuerger Entreprisen ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen Claude Wiseler
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten

 

Zréck