Ass den Här Minister gewëllt, no Léisungen ze sichen an zum Beispill de bestoende Parking vum Lycée agricole zu Gilsdref op 2 Niveauen auszebauen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden.

De Lycée agricole zu Gilsdref ass déi eenzeg Schoul fir “landwirtschaftlech” Beruffer am Land. D’Schoulpopulatioun setzt sech aus jonke Fraen a Männer aus alle Regioune vum Grand-Duché zesummen. Vill vun hinnen huelen all Dag e laangen Hin- a Réckwee a Kaf, fir sech am Lycée agricole zu Gilsdref ausbilden ze loossen. Dacks ass fir si den Auto dat séierst an domat dat idealt Verkéiersmëttel, fir aus den Extremitéite vum Land op Gilsdref ze kommen, well de Wee mat Bus an Zuch ongeféier duebel sou laang dauert.

 

Déi ëffentlech Mobilitéits-App gëtt zum Beispill un, dass ee moies op der Gare Belval (Université) um 5.58 Auer an den Zuch klamme muss, fir am Idealfall um 7.52 Auer beim Lycée zu Gilsdref unzekommen –  nodeems een eemol an en aneren Zuch an dann nach eng Kéier an e Bus ëmgeklommen ass. De Problem vun der Ubannung vum Lycée agricole zu Gilsdref un den ëffentleche Verkéiersréseau limitéiert sech awer net just op de Süde vum Land, vun Déierbech aus brauch een am beschte Fall gutt annerhallef Stonn, fir um 7.52 Auer do ze sinn.

 

Et verwonnert deemno net, dass ëmmer méi Schüler mam Auto fueren an a Kaf huelen, “wëll” laanscht d’Strooss ze parken a vun do aus ze Fouss iwwer d’Strooss a Richtung Lycée ze goen, well de Parking beim Lycée den Enseignanten, dem administrativen an technesche Personal an de Visiteure virbehalen ass.

 

Am Lycée agricole ginn des Weideren och vill Weiderbildungen ofgehal. Och dës Participantë komme mam Auto. Och fir si misste Parkplaze virgesi sinn.

 

Am dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute stellen:

 

  • Ass den Här Minister gewëllt, no Léisungen ze sichen an zum Beispill de bestoende Parking vum Lycée op 2 Niveauen auszebauen? Wa jo, a wéi engem Zäitraum soll dat geschéien? Wann net, firwat net?
  • Wéi positionéiert den Här Minister sech par Rapport zur Iddi, am Kader vum Neibau fir d’ASTA (Administration des Services techniques de l’Agriculture) um selwechte Site e Parkhaus opzeriichten an dat och fir d’Communautéit vum Lycée souwéi och fir d’Participantë vun de Weiderbildungen opzemaachen?
  • Ass den Här Minister gewëllt, bei der Äerenzdallgemeng z’intervenéieren, fir de Parking beim Lieu-dit “Bloen Eck” géint eng finanziell Bedeelegung vum Staat fir d’Schoulcommunautéit vum Lycée agricole zur Verfügung gestallt ze kréien an an deem Fall eng Navette anzeriichten? Wa jo, a wéi engem Zäitraum? Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck