Eis Gemengeréit

D’CSV-Kandidaten an d’CSV-Kandidatinnen, déi bei Gemengewahlen d’Faarwe vun der CSV vertrieden, sinn alleguer Member an der Associatioun vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit (CSG). D’CSG, also d’CSV-Gemengepolitiker, ass eng Ënnerorganisatioun vun der CSV.

D’Haaptaufgabe vun der Vereenegung konzentréieren sech op déi verschidde kommunalpolitesch an deemno och innepolitesch Dossieren a Froen. Et geet drëm d’Aufgaben an d’Politike vun de CSV-Gemengepolitiker an d’Aarbechten an de Gemengen ze koordinéieren. Dofir organiséiert de CSG-Nationalcomité, dee laut Statuten um Kongress gewielt gëtt, regelméisseg Informatiounsowenter an aner Bildungsaktivitéiten, déi direkt an indirekt mat Gemengepolitik zesummen hänken.

De Kongress wielt de Präsident an de Nationalsekretär ewéi och déi eenzel Delegéiert aus de Bezierker Süden (9 Delegéiert), Zentrum (8), Norden (6) an Osten (4). De CSG-Kongress huet am Kader vun de Gemengewahlen d’Aufgab e Rahmenprogramm ze erstellen, déi fir déi eenzel CSV-Sektioun de roude Fuedem bei de Gemengewahle sinn.