Nationalkongress

De CSV-Nationalkongress ass di héchste Parteiinstanz a kënnt op mannst ee Mol am Joer zesummen. Hien ëmfaasst iwwer 500 Parteimemberen, dorënner ë.a. all national Parteimandatairen. Awer och d’lokal Sektiounen an d’Ënnerorganisatiounen si vertrueden.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Politik bestëmmen: De Nationalkongress leet d’Grondlinne vun der Politik vun der Partei fest. Hien hëlt Resolutiounen a Positiounspabeieren un, déi vun de verschiddene Parteiorganer eragereecht kënne ginn.

D’Persoune wielen: Et ass hien, den iwwert déi wichteg personell Froen entscheed. Esou ginn um Nationalkongress ënner anerem de Parteipresident an de Generalsekretär an engem geheime Vote vun de Nationaldelegéiert gewielt.

D’Aarbecht bewäerten: De Nationalkongress kritt d’Rapporte vun de verschiddene Parteiorganer virgeluecht. Virun allem lauschtert hien de Bilan vum Generalsekretariat an der CSV-Fraktioun. Awer och de Rapport iwwert d’Gestioun vun de Parteifinanze gëtt him presentéiert.

De Fonctionnement festleen: Just um Nationalkongress kënnen d’Statute vun der Partei geännert ginn.

Iwwert d’Virschléi vum Nationalrot ofstëmmen: Den erweiderten Nationalrot stëmmt no de Wahlen iwwert de Koalitiounsprogramm an d’CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss awer vum Nationalkongress guttgeheescht ginn.

Nationalrot

 

De Nationalrot ass e Kontroll- a Berodungsorgan vun der Partei a gëtt op mannst zwee Mol am Joer zesummegeruff.

Hien ëmfaasst ëm déi 160 Parteimemberen, respektiv ëm déi 200, wann en a senger erweiderter Funktioun zesummekënnt. Sou begräift de CSV-Nationalrot de Nationalcomité, d’Bezierkscomitéen an Deputéiert vun der CSV. Am Nationalrot sinn awer och d’Ënnerorganisatioune vertrueden.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Aarbecht kontrolléieren: De Nationalrot kontrolléiert, ob d’Parteistatuten, déi grouss programmatesch Grondlinnen an d’Entscheedunge vum Nationalkongress an der alldeeglecher Parteiaarbecht och respektéiert goufen. Dofir muss de Nationalcomité an d’Fraktioun de Nationalrot op mannst ee Mol am Joer iwwert hir Aarbechten informéieren.

De Nationalcomité beroden: De Nationalrot gëtt aberuff fir iwwer entscheedend Froen a konkret Projete vun der lëtzebuerger an europäescher Politik ze diskutéieren (z.B. iwwert d’Gesetz zur Reform vum enseignement secondaire). Esou gëtt garantéiert, datt déi verschidde Parteiorganer och kuerzfristeg zu wichtegen a ganz konkrete Froen Stellung huele kënnen an hir Meenung an d’Positioun vum Nationalcomité afléisse kann.

Eng ganz wichteg Roll spillt de Nationalrot am Wahljoer:

Virun de Wahlen: De Nationalrot hëlt de Wahlprogramm fir déi national a fir d’Europawahlen un.

No de Wahlen: Den erweiderten Nationalrot entscheed, ob d’CSV a Koalitiounsverhandlungen trëtt oder net. Och bestëmmt en déi prinzipiell Orientéierunge vun de Verhandlungen an d’Zesummesetzung vun der Verhandlungsdelegatioun.

No de Koalitiounsverhandlungen: Den erweiderten Nationalrot stëmmt iwwert de Koalitiounsprogramm an iwwert d’Zesummesetzung vun der CSV-Regierungsequipe of. Dës Entscheedung muss spéider awer nach vum Nationalkongress bestätegt ginn. De Nationalrot kennt och an d’Spill, wann an der Legislaturperiod d’CSV-Regierungsequipe wiesselt, z.B. am Fall, wou e neie Minister muss bestëmmt ginn.

Nationalcomité

De CSV-Nationalcomité ass d’Entscheedungsorgan vun der Partei am politeschen Alldag a kënnt op mannst all 6 Wochen ee Mol zesummen.

De CSV-Nationalcomité setzt sech aus de Presidente vun de Bezierkscomitéen a vun den Ënnerorganisatiounen, aus Vertrieder vun der CSV-Fraktioun an dem Europaparlament zesummen. Dobäi kommen aacht Nationaldelegéiert, déi um Kongress an de Nationalcomité gewielt goufen. Am Moment besteet de CSV-Nationalcomité aus dëse Leit.

Wat sinn seng Aufgaben?

D’Parteipositioune festleen: Op der Grondlag vun de Parteigrondsätz, vum Wahlprogramm a vun de Beschlëss vu Nationalkongress a Nationalrot, entscheed de Nationalcomité iwwert d’Politik, déi d’CSV am Alldag mécht.

D’laafend Geschäfter ofhalen: D’Exekutiv vum Nationalcomité këmmert sech ëm di administrativ Routineaarbechte vun der Partei an informéiert de Nationalcomité doriwwer.

D’Wahllëschte gutheeschen: De Nationalcomité stëmmt bei de Nationalwahlen iwwert d’Wahllëschten, déi d’Bezierker festgeluecht hunn, of a bestëmmt d’Kandidate fir op d’Europalëscht.