Eis Bezierker

Di véier CSV-Bezierker assuréieren d’Verbindung tëschent de lokale Parteistrukturen an dem Nationalcomité. D’Membere vum Bezierkscomité si Vertrieder vun den Ënnerorganisatiounen, Deputéiert an d’Ministeren aus dem Bezierk. D’Bezierksdelegéiert wielen um Bezierkskongress 12 weider Membere fir an de Bezierkscomité.

D’Lëschte fir d’Chamberwahle ginn am Bezierkscomité, a Koordinatioun mam Nationalcomité, opgestallt an um Bezierkskongress den Delegéierten zur Ofstëmmung virbruecht.