CSV-Generalsekretariat

D’Generalsekretariat (Kontakt) koordinéiert d’Aarbecht vun de Parteistrukturen. D’Wahlcampagne, d’Organisatioun vum Nationalkongress, d’Publikatioun vum “Profil” a vun der Memberszäitschrëft, d’Betreiung vun de CSV-Memberen an hire Sektiounen, d’Preparatioun vu Pressecommuniquéen, d’Asetze vu Reflexiounskreesser an d’Organisatioun vu Bildungscoursen, Foren an Diskussiounsowenter sinn nëmmen a puer Beispiller vun den Aktivitéiten am CSV-Generalsekretariat.

Et schafft ënnert der Responsabilitéit vum Parteipresident Marc Spautz an dem Generalsekretär Laurent Zeimet. Si kréien an hirer Aarbecht vun de Vizepresidentinnen Martine Hansen a Françoise Hetto-Gaasch, der bäigeuerdneter Generalsekretärin Stéphanie Weydert an dem Generaltresorier Georges Heirendt gehollef.

Verantwortlech fir d’Aarbecht am Generalsekretariat