Questions parlementaires

Wisou gi vun net-lëtzebuerger Assurancegesellschaften Garantie d’achèvement‘en akzeptéiert wann d’Banken de Monopol sollen hunn? Wat ass hire Rôle wa keng Garantie vun enger Bank virläit?

Wou ass d‘Rußrindenkrankheet (un Ahornbeem) zu Lëtzebuerg verbreet a wat gëtt gemaach fir d’Leit ze schützen ?

Sinn déi intelligent Wallboxen, déi nei Generatioun vu Wärmepompelen a vu Batterien (sollten se Stroum aus dem Netz zéien), déi zu Lëtzebuerg am Haushalt agebaut a gefërdert ginn, esou equipéiert, dass se vum Stroumnetzbedreiwer kënne gedrosselt respektiv ausgeschalt ginn?

Nei Tarif-Struktur vun Netzkäschten an der Niddregspannung riskéiert och mëttelstänneg Betriber ze treffen. Sinn do Kompenséierungen oder soss Mesure virgesinn ?

Liewensmëttelvergëftungen a Strukturen, déi ënnert d‘ASFT-Gesetz falen ? Wéi kann d‘Qualitéit vum Service a vum Iesse verbessert ginn ?

Wéi vill schwanger Frae maachen een TPNI (test prénatal non-invasif) a wat sinn d‘Suiten ?

Wéini gëtt den Expertegrupp, dee Gemenge-Fusioune begleede soll, agesat ?

No Aussoe vu Procureur Général d‘Etat op RTL : Gi manner wichteg Affairen (Drogekonsumenten) net méi poursuivéiert ?

Ënnert wéi enge Konditiounen däerf e Proprietär e Bam, deen an enger Réserve naturelle steet, oder e “Biotopbam”, ëmmaachen?

Wéini soll de Bau vum Laboratoire vun der ASTA ufänken a wéini soll dëse fäerdeg ginn ?