Questions parlementaires

Monsieur le Ministre peut-il me renseigner sur les mesures qui seront mises en place afin de garantir que les élèves alphabétisés en français ainsi que leurs camarades alphabétisés en allemand auront atteint un niveau linguistique comparable dans les deux langues, au moment où ils seront regroupés au cycle 4?

Kann d’Regierung ausschléissen, datt d’Firma GCore Labs S.A d’Kontakter mat RT net direkt a komplett ofgebrach huet, nodeems si am Mäerz mat de Virwërf konfrontéiert gi war?

Wat gedenkt d’Regierung ze maachen fir dass manner Leit duerchfalen beim Führerschäinsexamen?

Aus wéi enge Grënn huet déi riets Spuer, op der A13 Richtung Péiteng op der rouder Bréck bei Schëffleng, no esou kuerzer Zäit rëm misse gespaart ginn?

Wéi vill Studieplaze si fir dat kommend akadeemescht Joer virgesinn fir de „Bachelor en Sciences de l’Education“ a fir de „Bachelor en Formation Pédagogique“ ?

Laut eisen Informatioune sinn d’Hëllefe fir d’Schied vun den Héichwaasserkatastrophen ausbezuelt ginn. Wéi vill Geld ass insgesamt aus dem Hëllefspak vun der Regierung un d’Gemengen ausbezuelt ginn?

Wat huet zu der Fermeture vum Siège vum Guichet SNCA an der Regioun Klierf gefouert?

Laut eisen Informatioune ass de Produzent vun de Bornë vum Chargy Netz rezent Faillite gaangen. Wann jo, wéi laang ass séchergestallt, dass de Service weiderhin assuréiert gett?

Aus engem Schreiwes vum Minister fir Mobilitéit un d‘Personaldelegatioun vum TICE geet ervir, dass déi bestoend Konventioun bis 2024, tëscht dem TICE an dem Ministère fir Mobilitéit, net méi verlängert gëtt. Wat fir Konsequenzen huet déi nei Konventioun fir d’Gemengen, d’Personal an d’Clienten?

Wat sinn d’Konsequenze vun der Net-Verlängerung vun der Konventioun tëschent dem Mobilitéitsministère an dem TICE?