Questions parlementaires

Aus wéi enge Grënn gëtt an deenen Tunnellen, wou aktuell Aarbechte stattfannen, net vum Chantier respektiv der Spärung profitéiert, fir an engems d‘Maintenance- a Botzaarbechten ze maachen?

Firwat sinn d’Präisser fir eng Fuerstonn zu Lëtzebuerg sou exponentiell méi héich wéi an eisen Nopeschlänner?

Wéi vill Poliziste sinn um Police-Kommissariat op der Garer Plaz am Déngscht? Geet dës Unzuel duer, fir dass d’Kommissariat onofhängeg a voll operationell ass?

Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuelen, fir Hacking-Attacken op d’Luxair virzebeugen?

Wéi setzt sech aktuell de Literpräis fir Bensinn an Diesel zesummen?

Kritt een eng Behandlung, wéi beispillsweis en IRM, am Ausland nach vun der CNS rembourséiert ouni am Virfeld eng Autorisatioun ugefrot ze hunn ?

Wéini stinn nees déi néideg Effektiver zur Verfügung, fir datt de Policebüro op der Gare nees voll operationell ka funktionéieren?

Wier et méiglech de Leit, wann se ophale mat schaffen, e Bréif zoukommen ze loosse wou se drop opmierksam gemaach ginn, dass wann se wëlle Pensiounsrechter zu engem spéideren Zäitpunkt nokafen nieft dem Montant vun de « Cotisation dues » och nach Zënse mussen nobezuelt ginn ?

Gedenkt den Här Minister, den ex-Prisonéier eng Hëllef ze ginn, fir hinnen ze erméiglechen, eng éierbar Pensioun ze kréien?

Comment est-ce que le Gouvernement explique la fin du projet Expertisa ? Quelle est son évaluation de la situation ?