Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 174 Questions parlementaires 07 Mee '20 An enger Pressematdeelung vum 24. Abrëll 2020 huet et vu Säiten vun der LuxairGroup geheescht, dass hiren aktuellen Generaldirekter den 1. Juni 2020 a Pensioun géif goen. 10 Deeg drop gouf du schonn den neien Generaldirekter proposéiert. Well de Lëtzebuerger Staat bal 40% vum Kapital vun deem Grupp hält a well se eiser Meenung no vun nationalem Interessi ass, stellen sech eng ganz Partie Froen. 07 Mee '20 “Intelligente Patron sollt Salariéën no der Kris Congé akkordéieren” seet de Wirtschaftsminister. Ass dat kompatibel mat enger Strategie vu Relance? 06 Mee '20 Wat ënnerhëlt d’Regierung fir datt de Grand-Duché fir europäesch Institutiounen attraktiv bleiwe soll ? 05 Mee '20 Gëtt an Alters- a Fleegeheemer fräiwëlleg oder systematesch getest ? Wéi vill vun desen Tester ware positiv ? 05 Mee '20 An 20 Deeg sinn 200 Blomeesen duerch eng Bakterie ëmkomm. Wéi erkläert et sech dass dës Bakterie just fir Blomeesen en déidleche Verlaf kann hunn ? Ass dës Bakterie weder op de Mënsch nach op d’Hausdéieren iwwerdrobar ? 05 Mee '20 Déi nei fräiwëlleg a flächendeckend Tester sollen de Staat 40 Milliounen Euro kaschten. All Investissement vun iwwer 40 Milliounen Euro muss awer duerch e spezifescht Finanzgesetz autoriséiert ginn. Wéi eng Stellung bezitt d’Regierung dozou ? Huet si wëlles esou e Gesetzesprojet ze deposéieren ? 05 Mee '20 Wéi vill ministeriell Aarbechtsgruppen respektiv Kommissiounen sinn am Kampf géint de Covid-19 am Asaz. A wéi gesäit déi personell Zesummesetzung vun dësen Aarbechtsgruppen a Kommissiounen aus? 05 Mee '20 Kënn dir eis méi Detailer ginn zu den “Contrats à durée déterminée” fir d’Gesondheetsberuffer, déi an der Pandemie vum Staat ausgestallt gi sinn? 04 Mee '20 Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnte nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, stellt sech d’Fro ob nom Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees d’Spillplazen opgemaach ginn ? 04 Mee '20 Wéi gesäit et aus mam Remboursement vun de Prêten, déi de Betriber am Kader vun dëser sanitärer Kris akkordéiert goufen? 171172173174175176177