Ass de Risiko vun enger Pandemie vun de betriblechen a a professionellen Assurancepolice, déi gemengerhand bäi eis ofgeschloss ginn, ofgedeckt? Wann Betriber oder Selbststänneger hire Schued ersat kruten, sinn si an deem Fall d’Indemnitéiten, déi si vu staatlecher Säit kritt hunn zréckzebezuelen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an d’Häre Ministere fir Wirtschaft an de Mëttelstand weiderzeleeden.

Ob eng Assurancepolice de Risiko vun enger Fermeture vun z.B. engem Restaurant ofdeckt, doriwwer streide sech momentan déi verschidden Interessevertrieder an Däitschland.

A Bayern gouf et Kompromëss deen d’Versécherungsgesellschaften eng Ronn 300 Milliounen Euro géif kaschten?

Opgrond vu deenen Diskussiounen wéilt ech folgend Froen un den d’Häre Ministere stellen:

  • Hunn d’Ministeren Kenntnis iwwer änlech Virgäng zu Lëtzebuerg?
  • Ass de Risiko vun enger Pandemie vun de betriblechen a a professionellen Assurancepolice, déi gemengerhand bäi eis ofgeschloss ginn, ofgedeckt?
    • Wa jo, hunn d’Ministeren Informatiounen doriwwer wéi vill Entschiedegungen an deem Beräich schonn ausbezuelt gi sinn (eventuell pro Secteur)?
    • Wann net, hunn d’Versécherungsgesellschaften, änlech wéi bäi de rezenten Iwwerschwemmungen mat de Versécherten solidaresch gewisen an awer een Deel vum Schued ersat? Oder strieft d’Politik zu Lëtzebuerg en änleche Kompromëss, wéi deen deen a Bayern fonnt gouf, un?
  • Wann Betriber oder Selbststänneger hire Schued ersat kruten, sinn si an deem Fall d’Indemnitéiten, déi si vu staatlecher Säit kritt hunn zréckzebezuelen?
    • Wa jo, ass dat och an deenen eenzelen Krisereglementer sou virgesinn?
    • Kënnen d’Ministeren eis déi eenzele Passagen zitéieren?

Mat déiwem Respekt,

Laurent Mosar

Deputéierten

 

Zréck