Verschidde Projeten fir Anlagen vu Solarstroum ginn net méi rechtzäiteg fäerdeg. Plangt de Minister Aspeisetariffer fir Solarstroum fir d’Joer 2020 wéinst der aktueller Covid-19- Kriis iwwert d’Joer 2020 eweg ze verlängeren ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu enger eventueller Verlängerung vun de favorabelen Aspeisetarifer vir Solarstroum un den Här Energiesminister weider ze leeden.

Anlagen fir Solarstroum, op privat oder gemeinschaftleche bzw ënnert der Form vun Energiekooperativen, déi virun dem 31.12.2020 a Betrib geholl gi, profitéieren nach vun engem méi favorabelen Aspeisetarif, wéi wann dës Anlag 2021 an Stroumproduktioun geet (z.B. fir Privatpersounen 0,160 € / kWh an 2020 versus 0,155 € / kWh an 2021[1]).

D’Coronakriis huet awer en Impakt op d’Fäerdegstellung vun de Projeten, déi  an der zweeter Hallschent vun dësem Joer ausgefouert gi, an déi lo riskéieren net méi rechtzäiteg virun dem Stéchdatum an Betrib geholl ze gi. Engersäits huet d’Kriis en Impakt op d’Produktioun vun Material, dat am Ausland produzéiert gëtt (z.B. Solarzellen déi zu engem Groussdeel aus Wuhan, China kommen), wat zu Engpässer an deenen nächsten Méint kéint feieren, an anerersäits op d’Aarbecht op de Chantieren, di wärend dem Lockdown ënnerbrach waren. Dofir riskéieren puer Anlagen net rechtzäiteg (d.h. virun Enn des Jores) fäerdeg ze sinn. Dëst kann fir déi betraffe Leit problematesch sinn, vu dass déi hier Berechnungen op d’Wirtschaftlechkeet vun den Anlagen op den Tarif vun 2020 baséiert hunn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Plangt den Minister Aspeisetariffer fir Solarstroum fir d’Joer 2020 wéinst der aktueller Covid-19- Kriis iwwert d’Joer 2020 eweg ze verlängeren ?
  2. Wa jo, wéi laang ?
  3. Wann nee, gi déi concernéiert Leit anescht ënnerstëtzt ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéierten

 

[1] https://www.myenergy.lu/de/privatpersonen/photovoltaik/finanzierung-und-foerderprogramme

Zréck