Gëtt et beispillsweis eng Strategie fir den Deconfinement an de Kierchen? Wann jo, wéini sollen dës erëm opgoen? Wéi kann d´Pratique vun de Kulten an Zäite vun Deconfinement ausgesinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Kulten un den Här Staatsminister an un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

An senger Déclaration au sujet de la stratégie de déconfinement progressif de 7. Mee an der Chamber huet den Här Staatsminister Xavier Bettel erkläert, et wiere verschidde Froen un all d´Culten erausgaangen, fir ze gesinn, wéi si d´Pratique vun der Relioun an Zäite vum Déconfinement géinge gesinn. Op Basis vun den Äntwerten dorop kéint ee feststellen, ob dës Kulte rem kéinten an noer Zukunft Leit empfänken.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d´Ministere stellen:

  • Sinn dës Froe vun alle Kulte beäntwert ginn? Wann jo, wéi eng Schlëss kann een doraus zéien?
  • Gëtt et beispillsweis eng Strategie fir den Deconfinement an de Kierchen? Wann jo, wéini sollen dës erëm opgoen?
  • Wéi kann d´Pratique vun de Kulten an Zäite vun Deconfinement ausgesinn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                               Diane Adehm

Deputéiert                                                         Deputéiert

Zréck