Wéini ginn d’Fitness-Zentren an d’Schwämmen ënnert de Précautioune vu Covid19 erëm op ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister,den Här Sportminister, d‘Inneministesch a Mëttelstandsminister weider ze leeden.
An der Schwäiz, an Éisträich, an der Tschechescher Republik respektiv a verschidden däitsche Bundeslänner si Fitnessstudioen elo erëm op, respektiv gin an de nächste Wochen erëm op. Zu Lëtzebuerg bleiwen dës Ariichtungen, wéi och d’Schwemmen (baussen a bannen) laut Aussoe vum Premierminister, bis op Weideres nach zou.
Well zousätzlech zum wirtschaftleche Verloscht fir Mataarbechter a Besëtzer vun dësen Ariichtungen, d‘ Aktivitéiten a Fitnessstudioen an an de Schwemmen eng wichteg Roll fir d’Gesondheet an d‘ Präventioun vun de Bierger spille wollte mir folgend Froen un di concernéiert Ministere stellen:
Préift d’Regierung aktuell eng Réouverture vu Schwämmen a Fitnessstudioen?
Wei gesäit dëst Konzept genau aus?
Wéini gëtt mat enger Réouverture gerechent?
Ënnert wéi enge Bedéngungen a Sécherheetsvirkéierunge kéinte Schwämmen a Fitnessstudioen zu Lëtzebuerg erëm fir de Public opgemaach ginn?
An der Kommissiounssëtzung vum 23 Abrëll huet den Här Sportminister ënnerstrach dat d`FLNS (Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage) e Konzept erschafft huet fir eng Exit-Strategie, an dësen och dem Minister ënnerbreet huet.
Kann de Minister eis méi detailléiert Informatiounen zu dësem Konzept ginn?
Ass am Kader vun dësem Konzept och un d‘ Nowuessschwemmer aus de Clibb an de Kadere geduecht ginn?
Kann de Minister bestätegen, dat d’Schwëmmer aus dem Sportlycée aktuell nach net an d‘ Coque dierfen trainéiere goen?
Laut eisen Informatioune gin et aktuell keng aner Richtlinnen, Konzepter oder Strategien di teschend Héichleeschtungssportler a Nowuessathleten differenzéieren. Firwat däerfen Nowuessathleten net an der Coque trainéieren? Wéi eng Problematik gëtt et an dësem Kontext?
Gett do u Léisunge geschafft fir dat och d‘ Nowuesssathleten hirem Training an der Coque kennen nogoen?
Wéi ginn d’Gemengen ënnerstëtzt fir Konzepter an hiren eegene Sportinfrastrukturen ze realiséiere fir dat eis Sportler schnellst méiglech an hiren eenegermoossen „normale“ Rhythmus erëm era fannen, och wann dat ee reduzéierte Programm géif bedeiten?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt Paul Galles
Deputeierten

Zréck