Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 171 Questions parlementaires 20 Mee '20 Ginn et vu Säiten vun der Regierung oder vum Minister selwer, kloer Instruktiounen un d’Adress vun de Verwaltungen a Servicer wat d’Handhabung vu Whatsapp oder änleche Messenger-Déngschter ubelangt? 19 Mee '20 Et ass bestätegt ginn, dass et zu engem Daten-Leak an der Justiz koum. Wéini ass dësen Leak entdeckt ginn ? Huet jiddereen an der Justiz de selwechten Accès ob all Dokumenter esouwuel generell Dokumenter wéi och méi kriddeleg Donnéeën iwwert Leit a Betriber ? 18 Mee '20 Luxair flitt vum 29. Mee un erëm. Wéi eng sanitär Mesure gëllen um Flughafen a ginn et EU-Virschrëften ? 18 Mee '20 Huet d’Regierung den Horesca Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture? Wa jo, wéi eng sinn dës ? 18 Mee '20 Wéi eng Mesuren hëlt d’Inneministesch fir de Gemengen, déi a punkto Kläranlagen finanziell Schwieregkeeten hunn, ze hëllefen ? 18 Mee '20 Wéi war de genauen Oflaf vun der Maskeverdeelung a Lëtzebuerg iwwert déi lescht Méint ? 18 Mee '20 D’Regierung wollt flächendeckend bis zu 20.000 Persounen den Dag testen. Et gëtt awer e Retard well d’Personal fir des Teststatiounen feelt. Vu wou rekrutéiert d’Regierung d’Personal fir des Teststatiounen an ass séchergestallt, dass d’Personal qualifizéiert genuch ass ? 18 Mee '20 Ab de 25. Mee sollen d’Aktivitéiten um Niveau vum Cycle 1 vun der Spillschoul bis hin zu de Kompetenzzenteren nees opgeholl ginn. D’Reprise stellt esouwuel fir d’Léierpersonal, wéi och fir d’Kanner a fir d’Elteren eng grouss Erausfuerderung . Dës Erausfuerderung ass ëmsou méi grouss wann Kanner betraffe sinn, déi speziell Besoinen hunn. An deem Kontext stellen sech awer nach eng Partie Froen. 15 Mee '20 Firwat mussen Persounen an Alters- a Fleegeheimer no enger Visitt beim Dokter oder an enger Klinick fir 14 Deeg a Quarantän ? 15 Mee '20 Dem ganze Secteur événementiel geet et an der aktueller Krise ganz schlecht an e konnt net vu staatlechen Hëllefe profitéieren. Gedenkt d’Regierung an Zukunft och dës Betriber ze ënnerstëtzen? Wa jo, ginn et scho konkret Pisten? 168169170171172173174