Vu wéi engen finanziellen Hëllefen kënnen d’Campingbedreiwer aktuell profitéieren? Gëtt et doriwwer eraus eng spezifesch Relance-Strategie vun der Regierung fir de Secteur vum Camping-Tourismus? Wa jo, Wéi gesäit déi aus?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Tourismus weiderzeleeden.

 

2019 si knapps eng Millioun Iwwernuechtungen op eise Campingen gezielt ginn. Dat heescht ronn 1/3 vun allen Iwwernuechtungen zu Lëtzebuerg.

 

Déi aktuell sanitär Kris huet de ganzen Tourimussecteur, an doduerch och d’Campingbedreiwer ganz kal erwëscht.

 

D’Zoumaachen vun de Grenzen z.B. duerch déi belsch an déi däitsch Autoritéiten hunn et vill Touristen dru gehënnert op Lëtzebuerg ze kommen.

 

Och wann sech d’Situatioun an der Tëschenzäit zum Deel geännert hunn, bleift d’Veronsécherung bäi den Touristen bestoen an déi betraffe Bedreiwer rechnen mat groussen Aboussen.

 

Ech wéilt duerfir folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Wier et méiglech en Iwwerbléck betreffend d’Iwwernuechtungen op eise Campingen fir déi éischt 5 Méint vum Joer 2020 maachen? Wéi hu sech d‘Nuiteën par rapport zu 2019 entwéckelt?

 

  • Wéi eng direkt finanziell Hëllefen goufen de Campingbedreiwer vu Säiten vum Staat wärend de Méint Mäerz an Abrëll 2020 zur Verfügung gestalt? Wéi vill Campingbedreiwer hunn op d’Kuerzaarbecht zréckgegraff? Wéi vill Paien konnte esou assuréiert ginn? Wat war de Gesamtmontant vun deenen Hëllefen?

 

  • Vu wéi engen finanziellen Hëllefen kënnen d’Campingbedreiwer aktuell profitéieren? Gëtt et doriwwer eraus eng spezifesch Relance-Strategie vun der Regierung fir de Secteur vum Camping-Tourismus? Wa jo, Wéi gesäit déi aus?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck