D’sanitär Kris hat e staarken Impakt an eise Prisongen. Wéi eng Moossnamen gesäit d’Madamm Ministesch vir fir d’Stëmmung an den Prisongen ze verbesseren ? Hunn d’Prisonéier d’Méiglechkeet fir Masken, Händchen an desinfizéier Gel ze kréien ? 

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

Déi sanitär Kris an där mi eis am Moment befannen huet och en staarken Impakt an eisen Prisongen. Interne Mesuren vun der Administration pénitentiaire goufen scho geholl déi begréissbar sinn mee et misst een sech ewéi an eisen Nopeschlänner och méi proaktiv mat der Lag an den Prisongen auserneen setzen.

Op Grond vun dëser Situatioun wëll ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch mir méi Informatiounen liwweren iwwert den Oflaf vun der Isolatioun fir déi méi grouss Zuel vu Prisonéier wéinst dem COVID-19 ?

 

  • Kann d’Ministesch envisagéieren, dass d’Telefonéieren mat Familljememberen fir d’Prisonéier gratis ass, bis dass d’Visitten erëm erlaabt gi ?

 

  • Wéi eng Moossnamen gesäit d’Madamm Ministesch vir fir d’Stëmmung an den Prisongen ze verbesseren an dëser extremer Situatioun wou d’Angscht fir den COVID-19 ze kréien wäit verbreet ass ënnert den Prisonéier ?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch mech informéieren wann d’Prisonéier d’Méiglechkeet hunn fir Maske respektiv Händchen ze kréien ? Wéi gesäit et aus mat desinfizéier Gel fir all Prisonéier?

 

  • An deem Kontext, kann d’Madamm Ministesch mir méi Informatiounen liwweren iwwert d’Equipement vun den Giischtercher fir een Ausbreede vum COVID-19  ze verhënneren ?

 

  • Huet een Prisonéier dat selwecht Recht ewéi eng aner Persoun fir am CHL traitéiert ze ginn am Fall wou et am CPL net méiglech wier (cf. Beootmungsmachinen, etc.) ?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck