Kann d’Madamm Ministesch eis soen, ënner wéi enge Bestëmmungen a Konditiounen Concert’en oder Festivallen kënnen organiséiert ginn ? 

Här Chamberspresident,

esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, bieden mir Iech dës Froen iwwert d’Organisatioun vu Concert’en am Kontext vum Deconfinement un d’Madamm Kulturministesch weider ze ginn.

D’Madamm Kulturministesch huet gëschter den Plan de relance fir den Kultursecteur virgestallt, deen, wéi scho vill aaner Beräicher, am Kontext vun der Covid-19 Kris extrem vill gelidden huet.

An deem Kader géife mir der Madamm Kulturministesch gären dës Froe stellen :

  • Kann d’Madamm Ministesch eis soen, ënner wéienge Bestëmmungen a Conditiounen Concert’en oder Festivalen kënnen organiséiert ginn, suwuel fir de Public wéi och fir den Artist selwer?
  • Kéint een zu dëser Zäit der Madamm Ministesch no eng Art „Autoconcert“ als Alternativ virschloën, esou wéi et och am Ausland scho gemaach gëtt, a wa jo, ënner wéienge Conditiounen kéint een dat organiséieren ?

Här Chamberspresident, mat eisem déifste Respekt,

 

Serge Wilmes                                                                          Laurent Mosar

Deputéiert

Zréck